De laangjärege President vun der "Stëmm vun der Strooss" war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Leit, déi Hëllef bei der “Stëmm vun der Strooss” sichen, ginn ëmmer méi jonk an hunn ëmmer méi verschidden Nationalitéiten. Dat sot de Marcel Detaille en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hie war 22 Joer laang President vun der Stëmm, huet sech d’lescht Woch zréck gezunn an de fréiere Journalist André Duebbers ass neie President.
 
D’Problemer u sech hätten net schrecklech vill geännert. Dat wären nach ëmmer d’Wunnengsnout a gesondheetlech Problemer. De Gros vun de Leit géif och net op der Strooss liewen, mä géif bei Famill, a Cafészëmmeren oder an engem klengen Appartement wunnen. Derbäi kéimen dacks gesondheetlech Problemer.
 
Bei der Politik hätt een ëmmer en oppent Ouer fonnt. Bei der Gesellschaft wär et heiansdo e bësse méi schwéier. Den Nimby-Effekt géif spillen, d’Leit géife sech Suergen a Gedanke maachen. Zu Schëndels beispillsweis, wéi an deem klengen Duerf e Post-Therapiezenter sollt opmaache. Dat wär e richtege Kampf gewiescht, mä haut géif een awer näischt méi héieren. 
 
D’Aarmut ass ëmmer méi e grousse Problem an d’Zuel vun de Cliente geet an d’Luucht. An der Stad bräicht een d’Urgence en neie Restaurant. Iwwer 300 Leit kommen all Dag iessen, och där, déi schaffe ginn, mä net iwwer d’Ronne kommen. D’Leit kéime mat hire Problemer. Dofir bräicht een och méi Mataarbechter, déi hinnen nolauschteren an zesummen no Léisunge sichen.
 
Den Ament géif ee "läschen", mä et misst ee méi proaktiv ginn. D’Strukture missten änneren. Et bräicht een der méi an och méi klenger. D’Wanteraktioun wär eng gutt Saach, mä déi misst iwwer d’ganzt Joer lafen, mat méi klenge Strukturen.

Invité vun der Redaktioun: Marcel Detaille

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.