En Dënschdeg de Moie war "Sucht" Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Wat mécht süchteg an wéini ass e Verhalen exzessiv? Déi Froen hunn mer en Dënschdeg de Moie mam Dr Andreas König gekläert. De Psychotherapeut vum Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht war eisen Invité vun der Redaktioun.

Glécksspiller-, Medien- a Porno-Sucht
Anescht wéi bei enger Sucht déi un d’Consommatioun vu Stoffe gebonnen ass (Alkohol an Drogen) geet et bei enger Verhalenssucht also bei Glécksspiller, Medien, Sex, Pornoen oder Shopping ëmmer ëm eng Belounung. Et kéint net soen, dass déi eng oder aner Saach süchteg mécht, mee et géing ee vun Risikofacteure schwätzen, a wann der vill beienee kommen, kann dat zu enger Sucht féieren.

Impulsivitéit wier zum Beispill ee Risikofacteur, genee wéi héich Religiositéit bei Pornosucht, Perfektionismus bei Aarbecht- oder Fitness-Sucht a sozial Ängstlechkeet bei engem Gaming-Disorder. Et géingen och sozial Facteure ginn: Leit mat engem Migratiounshannergrond wieren méi dacks concernéiert vu Glécksspill-Sucht a Leit mat familiäre Problemer hätten och éischter eng Sozial-Medien-Sucht. Natierlech géing een och Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter gesinn. Porno-, Sex-, grad wéi Glécksspill- a Gaming-Sucht triede kloer méi dacks bei Männer op. Kaf- oder Sozial-Medien-Sucht wieren tendenziell méi dacks bei Fraen de Fall.

Wéini ass et ze vill?
De Begrëff “Sucht” géing inflationär gebraucht ginn an et misst een ënnerscheeden tëscht exzessivem- a problemateschen Verhalen. E Jong vu 16 Joer, dee grad en neit Spillt krut an drop an derwidder wärend Wochen zockt, wier net onbedéngt süchteg, mee géing einfach een exzessiivt Verhalen un den Dag leeën, erkläert den Andreas König. Problematesch wier et wann een doduerch säin Liewen net méi am Grëff huet an zum Beispill d’Aarbecht, déi sozial Kontakter, seng Famill oder seng eege Gesondheet vernoléissegt. Dacks géing dozou och e Kontroll-Verloscht gehéieren, den een meeschtens eréischt mierkt wann et schonn ze spéit ass. Also wann een eigentlech säin Verhalen reduzéieren wëll, mee et net méi hikritt a negativ Konsequenzen spiert: Scholden, Konflikter an der Famill an op der Aarbecht.

Keng genee Donnéeën
Fir de Grand-Duché ginn et keng gutt Zuelen wat d’Sucht ugeet. Mee am Ausland géing ee gesinn, dass een an absolutten Zuelen vun dausende Leit misst schwätzen. Vun Aarbecht- a Fitness-Sucht wieren 0,3 Prozent vun de Leit concernéiert, Kaf-Sucht 5 Prozent, Sex- a Porno-Sucht och vun 0,3 bis 6 Prozent. Medien-Sucht (Sozial Medien a Gaming) ongeféier 2 Prozent an Glécksspiller tëscht 1-2 Prozent.

Wann ee mierkt, dass een e Problem huet, ass den éischte Schrëtt meeschtens ze kucken, wat ee selwer ka maachen fir géint säi Problem unzegoen. Zweete Schrëtt ass eng Therapie, wou dann och un den Ursaache geschafft gëtt, firwat een iwwerhaapt mol an d’Sucht fält. Dacks géing et do ëm geschiedegt Bezéiungen oder Problemer mam Vertraue goen, wou een och alt mol mat der ganzer Famill misst drun schaffen.

Detailer an Hëllef fënnt een op zev.lu.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Andreas König

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.