E Freideg de Moie war de Vëlo Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Eng Vëlospist, also eng richteg getrennte Spuer vun der Strooss a vum Trottoir, dat ass d’Idealvirstellung. An et gëtt där och ëmmer méi, mä nach ass ee wäit ewech vun enger koherenter Infrastruktur, esou d‘Monique Goldschmit, Presidentin vu ProVelo. Mat punktuelle Verbesserunge geet et net méi duer. Si wënscht sech ee koherent séchert Vëlosnetz an eng besser Kommunikatioun mat der Regierung.

D'Idealvirstellung wier, dass d'Vëlospisten direkt mat geplangt gëtt, esou wéi dat zum Beispill beim Tram de Fall war. 
 
Verflichtung fir den Autoschauffer

Et gëtt jo no Code de la Route eng Verflichtung fir den Autoschauffer annerhallwe Meter Ofstand zum Vëlo ze hale beim iwwerhuelen. Eppes, wat quasi ni géif agehale gëtt, bedauert d’Monique Goldschmidt. Hei géifen dacks geféierlech Situatiounen entstoen. Virop wann et sech hei em eng Bande suggestive handelt, dat heescht, wann eng gestréchelt Linn um Buedem fir de Cyclist gezeechent ass. Wann hei ee Vëlosfuerer fiert, muss den Autosfuerer hannendrun bleiwen, sou de Code de la Route. Ass kee Vëlosfuerer do, dierf dës Spuer och vum motoriséierte Verkéier benotzt ginn.
 
Geféierlech Situatioune fir de Vëlosfuerer

Dee System huet een och op de Vëlosstroossen. Dem Code de la Route no dierf een hei de Cyclist och net iwwerhuelen. Vill Autosfuerer géingen dat net wëssen, an dann tute se a reege sech op.  Fir d‘Monique Goldschmit, kéint een hei driwwer diskutéieren, ob dat richteg ass oder net. Op verschiddene Plaze wier et sënnvoll, wann den Autosfuerer hei kéint iwwerhuelen.

D’Verkéiersplaner wieren an der Responsabilitéit, e richteg koherent a séchert Vëlosnetz anzeriichten. Ma da wier awer net ëmmer de Fall. Do, wou Vëlospisten zum Beispill ophalen, wieren d'Cyclisten dacks gezwongen, um Trottoir ze fueren, an et entsti geféierlech Situatiounen. Geféierlech Plazen entschäerfen, do géif et och dacks drëm goen, fir de Verkéier anescht ze leeden. Virop Plazen, wou d‘Autoe riets ofbéien, wiere geféierlech Situatiounen, esou d‘Monique Goldschmit.
 
"Den Autosfuerer muss eigentlech vill vill besser do oppassen, de Vëlosfuerer natierlech och, mä den Autosfuerer huet no riets an de Spigel ze kucken an dat vergiesse mir ganz dacks, dass mir och riets ee Spigel hunn, wa mir ofbéien. A fir eis ass déi do Situatioun zum Beispill, dee Rietsofbéier, dee misst an eisen Ae guer net do sinn."
 
Eng besser Kommunikatioun fir e bessert Vëlosnetz

Et misst een de Verkéier anescht leeden, fir esou Situatiounen a Plazen ze evitéieren. Punktuell Verbesserunge géifen net méi duergoen. Mir brauchen ee richtegt koherent séchert Vëlosnetz, seet Monique Goldschmit. ProVelo géing gäre méi mat agebonne ginn, wann esou Decisioune solle geholl ginn. Et bréicht ee méi Ëmsetzung. D'Idealvirstellung wier, dass d'Vëlospisten direkt mat geplangt gëtt, esou wéi dat zum Beispill beim Tram de Fall war. D'Presidentin huet och nach kritiséiert, dass de Mobilitéitsplang antëscht virläit, mee awer nach op eng zousätzlech Vëlosetüd gewaart gëtt. An där Zäit géing dann näischt gemaach ginn.
 
"Mir wënschen eis einfach méi Kommunikatioun, méi zesumme kommen, net schreiwen, mee sech zesumme setzen an doriwwer diskutéieren, a mir hoffen a mir wënschen, dass mir och elo mat där Vëlosetüde absolut agebonne ginn an dass en dann net nëmme punktuell ëmgesat gëtt, mee dass se komplett ëmgesat gëtt."  
Fir d‘Monique Goldschmit gëtt et Zäit, dass de motoriséierte Verkéier an der Stad manner gëtt. Et geet ëm e gutt Matenee tëschent Vëlosfuerer a Foussgänger mat dem motoriséierte Verkéier, soit eng Mobilité douce, fir dass keen am Verkéier benodeelegt gëtt. Dat géing fir eng besser Atmosphär an e bessert Wuelbefanne suergen. A virun allem och, fir dass déi schwéier an déidlech Accidenter ofhuelen.

D'Presidentin vu ProVelo war ganz kloer, dat dierft net weider esou higeholl ginn. Et misst ee sech trauen, d‘Plaz vum Auto ze reduzéieren. En negatiivt Beispill, wéi et net dierft goen, wier Ettelbréck an Esch, wou vill Vëlospisten um Trottoir sinn an duerno rëm op d‘Strooss féieren an "katastrophal Zoustänn" wieren.

Invité vun der Redaktioun: Monique Goldschmit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.