E Mëttwoch de Moie waren déi politesch Prioritéiten an der Chamber Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zanter engem Joer ass d’Claire Delcourt fir d’LSAP an der Chamber. D’Deputéiert war e Mëttwoch de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. An deem Joer hätt sech fir Si vill geännert. Et misst een sech mol drun gewinnen an der Ëffentlechkeet ze stoen.

Am Dossier vun der Caritas misst een differenzéieren. Et kéint een net sou pauschal soen, wéi den DP-Deputéierten Schockmel en Dënschdeg, dass et just eng Kultur vun der Verantwortungslosegkeet gëtt. Vill Leit an dem Secteur géingen eng haart Aarbecht leeschten. Mee effektiv misst een sech Froen zur Gouvernance stellen an et wier evident, dass et e Problem an der Führungsetage gëtt.  Aktuell misst een awer d’Resultater vun der Enquête vun der Police judiciare an der CSSF ofwaarden. Ier et dann un der Politik ass fir Lacunnen an der Gesetzgebung eventuell ze behiewen a noutfalls Decisiounen ze huelen, wat d’Gouvernance vun der ONG ugeet. 

Mesuren géint Kanner-Aarmut sinn net selektiv genuch

Kanner-Aarmut ass e weidere Sujet, deen der Deputéiert um Häerz läit. Et wier schockant, dass eent vu 4 Kanner hei am Land vun Aarmut betraff wieren. Et  wier leider awer och esou, dass nach ëmmer verschidden Hëllefen net do ukommen, wou se sollen.

Am CSV-DP Koalitiounsaccord stéingen zwar eng Rëtsch Mesuren, déi och jonke Famillen sollen hëllefen, mee si hätt awer Zweiwel op wierklech jiddereen dovun kann profitéieren. Eng besser-beduchten Mëttelschicht sécherlech, mee manner d’Working-poor. Do misst een méi selektiv virgoen.

Et feelt un Kontrollen 

D’Claire Delcourt ass och an d’Politik gaangen wéinst dem Déiereschutz. De Grand-Duché hätt zwar e ganz fortschrëttlecht Déiereschutzgesetz, mee et géing virop u Kontrollen bei der Ëmsetzung feelen, kritiséiert d’Deputéiert. Mat Bléck op de rezente Fall, wou an enger Muppe-Pensioun 5 Hënn gestuerwen sinn, misst een feststellen, dass een a Frankräich an an Däitschland net just eng Geneemegung bräicht fir eng Muppe-Pensioun, mee et misst een zousätzlech och spezifesch Formatiounen maachen.

Si proposéiert dass de Landwirtschaftsministère soll eng gewëss Transparenz erabréngen an méi proaktiv virgoen an zum Beispill een Internetsite op d’Been stellt, wou all d’Déiere-Pensiounen drop sinn, déi och wierklech eng Autorisatioun hunn, sou d’LSAP-Deputéiert.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.