D’AfD soll natierlech kënne regéieren
E Mëttwoch de Moie waren ënner anerem d'Walresultater an Ostdäitschland an d'Pensiounsdiskussioun Thema bei eis op der Antenn.
D’AfD misst natierlech kënne regéieren, si wär jo demokratesch gewielt. Et dierft ee keng Brandmauer opriichten, sot e Mëttwoch de Moien d’adr-Presidentin an Deputéiert Alexandra Schoos als eis Invitée vun der Redaktioun als Reaktioun op d'Landtagswalen an Däitschland. Anerwäerts géif een de Choix vum Wieler ënnerdrécken.
De Succès vun der AfD an Thüringen a Sachsen géif hir keng Angscht maachen. Mä et misst ee seriö huelen, datt d’Leit onzefridde si mat der aktueller Politik. Firwat ginn déi Parteien (net nëmmen an Däitschland) gewielt a wou dréckt de Schong? Dat misst een Eescht huelen, fënnt d'adr-Parteipresidentin.
Eng detailléiert Positioun en vue vum groussen annoncéierten Pensiounsdebat am Hierscht huet d'adr nach net.
D’Pensioune vun der Leit dierften awer op kee Fall erofgoen, sot d’adr-Politikerin. An datt ee sollt Iwwerleeunge féieren, wéi Leit, déi dat wëllen, och méi laang kéinte schaffe goen respektiv doriwwer, déi een de Secteur vun de Privatpensioune kéint ausbauen.
D’Jugendpartei vun der ADR huet en Dënschdeg besser Zuele vun der Kriminalitéit gefuerdert, all Woch eng Publikatioun, all Mount eng Pressekonferenz. D’Jugendpartei wär ëmmer e bëssen onofhängeg a géif fuerderen, wat se wëll, sou d’Alexandra Schoos. Mä sécher wär, datt ee méi transparent misst ginn an d’Kommunikatioun besser. Ob dat elo all Woch misst sinn, sief dohi gestallt. "Déi kriminell Eskapaden zu Lëtzebuerg schénge keen Enn ze kréien", hat d'adrenalin geschriwwen. D'adr-Deputéiert fënnt net, datt hir Partei mat sou Expressiounen Angscht bei de Leit géif verursaachen. Heiansdo misst ee méi dramatesch schwätzen, fir op e Problem opmierksam ze maachen.
Si hätt léiwer den direkte Kontakt, kommunizéiert manner iwwer Social Media, mä direkt mat de Leit, sot d’ADR-Presidentin nach op d’Deputéierte-Kollegen Tom Weidig oder Fred Keup ugeschwat. Déi maachen dat. Dat wär hire Charakter. Weidig a Keup hätten awer näischt géint Parteilinn gesot, soss géif et Sanktiounen ginn, sou d’Parteipresidentin.
Am Dossier Caritas erwaart sech d'Oppositiounspolitikerin virun allem, datt d'Aktivitéite weider funktionéiere kënnen an d'Mataarbechter hir Aarbecht behalen. Um éischte Regierungsrot nom Summer e Mëttwoch kéint de Premier déi eng oder aner Annonce maachen. Och misst d'Verontreiung séier opgeschafft ginn, notamment d'Roll vun de Banken. D'Alexandra Schoos mengt awer, datt egal wéi eng Mesuren en Place sinn, Leit mat krimineller Energie ëmmer géifen e "Schlupflach" fannen, fir zu hirem ze kommen.
Ugeschwat op d’LGBTQ+-Petitiounen, ass d’Deputéiert just op d’Presenz vun Externen an der Schoul agaangen, wou d’Elteren hirer Meenung no missten e Wuert matzeschwätzen hunn. (Beispill Tatta Tom). D’Fuerderung vun der éischter ëffentlecher Petitioun war allerdéngs fir all LGBTQ+-Theme bei Mannerjäregen an der Schoul auszeschléissen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.