"Mir brauche méi Police an der Stad, mä de Suivi klappt net"
En Dënschdeg de Moie war ënner anerem d'Neijoerschreceptioun vun der Stad Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Mir brauche méi Police", seet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Si war en Dënschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Si wier och ganz frou iwwer déi lokal Police, déi zanter sechs Méint funktionéiert. Dat si Beamten, déi um Terrain ënnerwee sinn. Dat hätt alles Verbesserunge bruecht, mä géif net duergoen.
Wat feelt, wier dacks e Suivi. D'Lydie Polfer huet d'Procureur général d'Etat Martine Solovieff zitéiert, déi vun enger "dramatescher" Situatioun géif schwätzen. Just een Drëttel vun den Affäre géif poursuivéiert ginn an zwee Drëttel klasséiert. 2023 wiere vun 2.177 Fäll der 1.500 direkt ad Acta geluecht ginn, bedauert d'Stater Buergermeeschtesch. Op de Geriichter wieren 33 Plazen net besat. Wéinst deem Personalmanktem géif et e geliefte Gefill vun "Impunitéit" ginn, dat also zwee Drëttel vun den Affäre strofrechtlech kee Suivi kréien. D'Justiz kéint just nach déi grouss prioritär Dossiere maachen, aus der Finanzwelt zum Beispill. Do misst sech onbedéngt eppes änneren, fuerdert d'Lydie Polfer.
Déi lokal Police hätt e preventive Charakter. Et wier wichteg, datt d'Leit d'Police gesinn. Jo, d'Kriminalitéit hätt sech deels verlagert, an den Tram oder op Tram-Arrêten. D'Police géif awer dorobber reagéieren.
D'Heescheverbuet ass elo ee Joer al. D'Situatioun hätt sech "wierklech ganz vill verbessert", sou d'Stater Buergermeeschtesch. Et wier ëmmer ëm déi aggressiv Heescherte gaangen, déi "normal a roueg" Heescherte wieren nach ëmmer a Rou gelooss ginn.
D'Stad Lëtzebuerg hat e Méindeg den Owend Neijoerschreceptioun. Iwwer 4.500 Leit schaffen an der Verwaltung. Den Trounwiessel an d'LUGA, eng Gartenschau an der Stad an och zu Ettelbréck, wäerten dëst Joer d'Stad Lëtzebuerg markéieren. D'LUGA dauert vu Mee bis Oktober. 36 Gäert wäert et an der Stad op enger Streck vun 11 Kilometer ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.