"Dat Éischt, wou de Konsument spuert, ass bei eis am Restaurant"
E Mëttwoch de Moie war den Horeca-Secteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
No der Pandemie sinn d'Präisser extrem explodéiert. Et bleift näischt méi an der Kees, sot e Mëttwoch de Moien den Alain Rix, President vun der Horesca, als eisen Invité vun der Redaktioun. D'Margë wiere vun iwwer 20 Prozent op 4 bis 5 Prozent erofgaangen. D’Restaurateure fäerten och, datt déi Situatioun nach kéint méi schlëmm ginn. De Client hätt sech geännert a misst och spueren an dat géif een am Restaurant natierlech mierken.
1.261 Restaurante gëtt et aktuell hei am Land a 741 Caféen. Iwwer 200 hunn der an de leschte Joren zougemaach. Besonnesch um Land wier et mëttlerweil dramatesch. Op ville Plaze géif et keen Duerfbistro méi ginn.
Diskussiounen iwwer méi eng flexibel Aarbechtszäit
Genuch Personal fanne bleift e risege Problem am Secteur. Et plädéiert ee fir méi eng flexibel Aarbechtszäit op e ganzt Joer gekuckt, wat d’Beruffer am Horeca-Secteur méi attraktiv géif maachen. Dofir wier eng Extrareegelung néideg. Et wier ee mam Aarbechtsminister am Gespréich. Eng Extrareegelung gëtt et scho beispillsweis fir d'Sonndesaarbecht, wou ee kee Supplement kritt. Wa mer Sonndesstonne misste bezuelen, "da kéinte mer direkt zouspären", warnt den Alain Rix.
Et wéilt een net alle schwaarz molen. Et géifen ëmmer nach Leit ginn, déi gär an de Restaurant oder an de Café ginn. Dat hätt och e soziale Charakter. Et wier een als Wiert oder Restaurateur awer ebe vum Client ofhängeg. Do géif den Teletravail och net hëllefen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.