En Donneschdeg de Moie war d'politesch Aarbecht vun der Partei Fokus Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Bei Fokus wäert de Matgrënner Frank Engel net méi an der éischter Rei stoen. D’Monica Semedo huet sech iwwerdeems zeréckgezunn. Dat sot de President vu Fokus Marc Ruppert en Donneschdeg de Moien op RTL. Hie gesäit bei den anere Membere vun der Partei Potential fir déi nächst Walen an 3 Joer.
 
Weder bei de leschte Chamberwalen, nach bei den Europawalen huet Fokus bei sengem éischten Ulaf e Mandat kritt. Well d'Partei bei de Chamberwalen – national gesinn - méi ewéi 2% vun de Stëmme krut, huet se awer eng staatlech Dotatioun zegutt vu bal 14.000 Euro de Mount. Dat géing der Partei, déi och e Mataarbechter agestallt huet, notamment erlaben, sech weider z’entwéckelen an eng Roll an der politescher Landschaft ze spillen, esou de Marc Ruppert.
 
Ouni Frank Engel an der éischter Rei wéi gesot: "Mir waren eis och eens no den Europawalen, datt d'Partei weider Kapitele soll schreiwen an zwar ouni hien an der éischter Rei", esou de Marc Ruppert. An ouni Monica Semedo: Dës hätt dem Marc Ruppert selwer gesot, si wéilt sech berufflech ëmorientéieren. Esouwuel si, ewéi och Fokus wiere mat hirem Resultat bei den Europawalen net zefridden.
 
Fokus hätt ronn 200 Memberen. E Samschdeg huet d'Partei e politeschen Dag, fir hir politesch Strategie z’affinéieren en vue vun den nächste Walen an 3 Joer. De Profil soll gestäerkt ginn, fir méi a Richtung biergerlech Partei a Wäerter ze goen.

"Zombie-Deputéiert" an "Nervositéit" bei der DP

De Marc Ruppert war bis viru gutt 7 Joer DP-Generalsekretär. Mat Fokus hätt hien eng schéi Liewenserfarung an hien hätt Spaass. Mee hien huet zouginn, datt hie seng Zäit an enger Regierungspartei och vermësst. Ugeschwat op d’Politik vu senger fréierer Partei, sot hien, hie géing bei der DP eng gewëss "Nervositéit" spieren, well se fäerte géing, no enger Koalitioun mat der CSV, ewéi 2004, 5 Sëtzer ze verléieren. Dem DP-Wirtschaftsminister Lex Delles seng Kritik an engem Interview um CSV-Fraktiounschef Marc Spautz géing dat illustréieren.
 
De Marc Ruppert gesäit dann och engersäits eng Regierung, déi wëll Rou an den eegene Reien hunn. Op der anerer Säit stellt hien och fest, "datt mir eng Partie Zombie-Deputéiert an der Chamber hunn, notamment vun de Majoritéitsparteien, déi just do sëtzen, fir net hir Meenung ze soen, méiglechst net opzefalen an dat ze maachen, wat d’Regierung hinne virgëtt."
 
Dofir begréisst de Fokus-President wann Deputéiert, ewéi an dësem Fall de Marc Spautz, "de Courage" hätten, fir Mol hir Meenung ze soen.

Obligatoreschen Déngscht als "Schoul fir d’Liewen"

Op Virbild vun Éisträich ass Fokus fir en obligatoreschen Déngscht, bei deem déi Betraffen de Choix hunn tëscht engem militäreschen oder engem zivillen Déngscht a Beräicher ewéi zum Beispill Sozialhëllef, Rettungswiesen oder Ëmweltschutz. Senger Partei no kéinte Leit vu 16 Joer un a bis 35 den Déngscht, dee se aussichen, maachen. Den obligatoreschen Déngscht géing a sengen Aen d'Land méi "krisefest" maachen an dem "gesellschaftlechen Zesummenhalt" méi Wäert ginn.
 
De Kritiker huet de Fokus-President geäntwert, datt an Éisträich dräi Véierel vun de Leit, déi den Déngscht gemaach hunn, dësen als "Schoul fir d’Liewe" géingen ugesinn a soe géingen, se géingen den Déngscht nach eng Kéier maachen. A méi ewéi en Drëttel vun hinne géingen am Benevolat aktiv bleiwen. Un d'Front géing och kee geschéckt ginn, well et de Choix gëtt.
 
Mat 40 Joer misst hie bei senger eegener Propos net méi selwer den obligatoreschen Déngscht maachen. "Wa mer awer elo doriwwer diskutéieren, datt ech och et soll maachen als Virbild, da kënne mer ganz gär doriwwer diskutéieren", esou de Marc Ruppert.

Invité vun der Redaktioun: Marc Ruppert

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.