E Freideg de Moie war d'Pensiounsreform Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Associatioun vun den Assurancëgesellschafte begréisst der Regierung hiren Engagement an der Ried zur Lag vun der Natioun, fir de Regime vun den Zousazpensiounen am Kader vun der Pensiounsreform ze stäerken. Ob Schwaarz-Blo der ACA hir konkret Fuerderungen zréckbehalen huet, weess den Direkter Marc Hengen zu dësem Ament awer net. D'Assurancëgesellschaften hätte gär ënnert anerem, datt een eng Zousazpensioun véier mol méi wéi bis elo vun de Steieren ofsetze kann. Den Ament läit dee Plaffong bei 3.200 Euro. Dee Montant wier relativ laang net méi ugepasst ginn, argumentéiert d'ACA. Steierlech Ureizer wieren awer "determinant", fir eng Zousazpensioun ofzeschléissen, grad bei jonke Leit, déi nach net sou akut un d'Zäit duerno denken, sou eisen Invité.

Op d'Fro, ob de Staat mat Steiergelder e privat Geschäft vun Assurancen a Banke matfinanzéiert, dat elo schonn haaptsächlech vu Leit genotzt gëtt, déi et sech souwisou scho leeschte kënnen, ass de Marc Hengen net agaangen.

D'Pensiounsreform, wéi se elo um Dësch läit, gëtt allgemeng vun der ACA begréisst. D'Piste géifen an déi richteg Direktioun goen an d'Regierung hätt hei déi richteg Approche gehat. Elo misst ee kucken, wéi alles ausformuléiert gëtt. D'Sozialministesch Martine Deprez soll virum Summer de Gesetzprojet jo deposéieren.

Zu Lëtzebuerg ginn et vergläichsweis wéineg Betribszousazpensiounen

Am Grand-Duché hu ronn 14% vun de Salariéen an eppes méi wéi 3% vun den Independanten eng Zousazpensioun via de Betrib. De sougenannten zweete Pilier. Am Ausland wier dee Modell méi verbreet, monéiert d'Associatioun vun den Assurancëgesellschaften a Réckversécherer. A besonnesch zanter 2012 hätt d'Zuel vun de Kontrakter stagnéiert.

Lëtzebuerg hätt einfach dee beschten ëffentleche Pensiounssystem wäit a breet, sou de Marc Hengen. Doduerch géifen Zousazpensiounen automatesch manner attraktiv. Datt besonnesch Zousazpensiounen am Finanz- an Assurancësecteur ugebuede ginn, erkläert sech den Invité doduerch, datt hei vill Leit schaffen, déi aus dem Ausland kommen an net hir ganz Karriär hei am Land gemaach hunn. Si wieren éischter gewinnt, eppes vum Patron op d'Säit geluecht ze kréien.

An der Pensiounsdebatt hätt d'ACA gär, datt dësen zweete Pilier fir all Mënsch misst zougänglech gemaach ginn. Och zum Beispill fir Fonctionnairen. Och dat hate si der Ministesch an der Consultatiounsphas sou mat op de Wee ginn. Datt d'Zuel vun de Kontrakter déi lescht fënnef Joer stagnéiert huet, géif dorunner leien, datt et keng einfach Zäite fir de Service-Secteur waren.
 
Zanter laangem scho loosse sech déi allermeescht Leit, d'Suen, déi se via hir Zousazpensioun op d'Säit geluecht hunn, op ee Coup ausbezuelen, wa se dann an d'Pensioun ginn. Dacks mam Argument, datt ee jo net weess, wéi laang een nach lieft an ee léiwer direkt eppes dovunner huet.

Op de Mount gekuckt, mécht de Complement dacks nëmme wéineg aus, e puer honnert Euro. Duerfir géif d'ACA jo och fuerderen, datt ee méi steierlech ofsetze kéint, sou de Marc Hengen.

Beim Finanzement vun der Sécurité routière ass dat lescht Wuert nach net gesprach

Zanter der Annonce vum President vun der Sécurité routière Paul Hammelmann bei eis op der Antenn, datt d'Assurancë sech aus dem Finanzement vun der Associatioun zeréckzéie wéilten an d'Sécurité routière doduerch riskéiert, finanziell Problemer ze kréien, gouf et Gespréicher och mat der ACA. Do wier dat lescht Wuert och nach net gesprach, sou de Marc Hengen. Eigentlech wollte véier Assurancë vum anere Joer un net méi déi 275.000 Euro un Donen un d'Sécurité routière iwwerweisen, wéi se dat virdru gemaach hunn. Och den Transportministère ass an d'Diskussiounen agebonnen. An de Paul Hammelmann hat sech d'lescht Woch schonn zouversiichtlech gewisen, datt ee weider kënnt.

Invité vun der Redaktioun: Marc Hengen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.