
Dës Kéier si mir beim VëloViaNorden an de Gemengen Klierf, Kiischpelt, Ëlwen, Weiswampech a Wëntger ënnerwee.
Un zwee Weekender am August ginn an deene Gemengen verschidden Stroossen fir d’Vëlofuerer gespaart, sou dass jiddereen sécher um Vëlo de schéinen Norden entdecke kann. Normalerweis sinn et d’Buergermeeschteren, déi eis verroden wéi de VëloViaNorden ofleeft – mee dëst Joer sinn et d’Kanner déi eis ziele wollten, wat si op deenen Touren mat hirer Famill erliewen.
All d’Informatiounen fir nozeliesen fënnt een zu all Ament natierlech ënnert velovianorden.lu.