
Dës Woch gi mer am Living um Radio sportlech.
E Samschdeg, de 5. Juni ass déi 12. Editioun vun der Nuit des Sports uechter d’Land.
De Service national de la Jeunesse an Zesummenaarbecht mam Ministère des Sports a ville Gemengen organiséiere fir Iech dës flott Manifestatioun wou déi ganz Famill ka matmaachen.
Kuckt fir méi Informatiounen op nuitdusport.lu.