Den SNJ zesumme mam "Point Info Jeunes" vun Esch organiséieren :"Deng Zukunft - Däi Wee" de 16. Februar

IPL
Einfach spontan laanscht an de Belval Plaza kommen - Super accessibel mam Zuch oder Bus.

De 16. Februar, fënnt am Shopping Center “Belval Plaza” déi sechsten Editioun vun „Déng Zukunft – Däi Wee“ statt.

Dës Foire riicht sech souwuel direkt u Jonker tëscht 16 an 30 Joer, ewéi och un hir Elteren.

Op iwwer 50 Stänn kann een sech iwwer sëlleg Beruffssparte ma awer och iwwer aner Méiglechkeete fir sech z’engagéieren, informéieren.

Och interaktiv Workshoppe sinn op der Plaz!

Mir schwätzen dës Woch all Dag, géint 13:30, mam SNJ iwwert „Deng Zukunft – Däi Wee” bei eis um Radio.

Weider Informatiounen op Facebook an op Instagram.

Hei fannt Dir d’Broschür mat prakteschen Informatiounen :
Broschür DZDW

Living : Méinden 07.02.2022

Living : Dënschden 08.02.2022

Living : Mëttwoch 09.02.2022

Living : Donneschdeg 10.02.2022

Living : Freiden 11.02.2022

Instagram
Facebook

Broschür DZDW

Back to Top
CIM LOGO