Fir déi 16. Kéier schonnD'Nuit du Sport dëst Joer an 49 Gemengen

IPL
Lescht Joer méi wéi 20.000 Leit déi matgemaach hunn.

De Samschdeg, 14. Juni ass duerch de ganze Grand-Duché nees d’Nuit du Sport !

Bei dëser 16. Editioun maachen 49 Gemenge mat!

Et geet drëms d’Leit e wéineg schnupperen a verschidde Sportaarte kenne léieren kënnen, a villäicht eng nei Léift fir sech entdecken.

De Service Nationale de la Jeunesse, an de Ministère schaffe mat de jeeweilege Gemengen zesumme fir Iech en ofwiesslungsräiche Programm ze bidden.

Op gängeg Sportaarten oder exotesch Neiegkeeten.

Dëst a vill méi, dës Woch hei um Radio, all Dag géint hallwer 2 d’Thema an eisem Living

Op Är Gemeng matmécht a wat se ubitt gitt Dir och elo schonn op www.nuitdusport.lu gewuer.

Living: Méinden 09.06.2025

Living: Dënschden 10.06.2025

Living: Mëttwoch 11.06.2025

Living: Donneschden 12.06.2025

Living: Freiden 13.06.2025

Back to Top
CIM LOGO