
De Weekend vum 1. an 2. August kënnt Dir zesumme mat der ganzer Famill den Éislek op zwee Rieder entdecken! Erfuerscht d’Éisleker Däller a loosst et Iech an deene ville Restauranten an Hoteller an der Regioun verwinnen! Zesumme mat der Gemeng Clierf geet et dëse Summer mam Vëlo via Norden!
Wéi ass d’Initiativ “Vëlo via Norden” entstanen? Wéi eng Chancen erginn sech duerch dës Initiativ an den Uschloss un d’Vennbahn fir d’Gemenge Clierf, Kiischpelt, Ëlwen a Wäiswampech? An wéi kann ech meng Vëlosstreck fir dee Weekend plangen?
Alles dat a méi gitt Dir déi ganz Woch an eiser Rubrik Living gewuer oder kuckt och elo schonn op velovianorden.lu.