Dëse Wanter gëtt et kuschelegMam kuschelegen Duch vum Séi aus der Duchfabrik am Naturpark Uewersauer

IPL
Sidd Dir léiwer fréi wéi spéit un? Wisou verschenkt Dir dëst Joer dann net einfach en kuschelegt Duch vum Séi fir Chrëschtdag?! E Kaddo made in Luxembourg.

Dës ganz Woch si mir mam Conny Koob vum Naturpark Uewersauer an der Duchfabrik zu Esch-Sauer ënnerwee.

Mir gi villes iwwert déi uer al Wierfkonscht gewuer an natierlech och iwwert déi eenzegaarteg a flott Saachen déi Dir am Shop entdecken a vläicht souguer fir d’Feierdeeg verschenke kënnt.

Lauschtert all Dag an eis Rubrik Living eran an entdeckt d’Duchfabrik zu Esch-Sauer fir d’éischt mam Gehéier a loosst Iech duerno bei enger Visitt vun der aler Wierfkonscht beandrocken!

Fir Visitte kënnt Dir Iech op info@naturpark-sure.lu an all néideg Infos fannt Dir op naturpark-sure.lu.

Living - Naturpark Uewersauer - Méindeg 15/11/2021

Living - Naturpark Uewersauer - Dënschdeg 16/11/2021

Living - Naturpark Uewersauer - Mëttwoch 17/11/2021

Living - Naturpark Uewersauer - Donneschdeg 18/11/2021

Living - Naturpark Uewersauer - Freideg 19/11/2021

naturpark-sure.lu

Back to Top
CIM LOGO