
Am Living si mir dës Woch mam Natur- & Geopark Mëllerdall ënnerwee.
Mir kréien dës Woch e klengen Abléck hannert d’Kulisse vum Park.
Den Natur- & Geopark Mëllerdall ass nämlech Kandidat fir ee vun den UNESCO Global Geoparks ze ginn.
An am Trifolion gëtt et den Ament och eng flott Ausstellung déi een Dënschdes & Donneschdes vun 1 bis 6 Auer ka kucke goen. Oder och virun all Event am Trifolion.
Fir méi iwwert d’Regioun gewuer ze ginn - kuckt op naturpark-mellerdall.lu.
