
Dëse Weekend dréint sech zu Mondorf alles em nohalteg a regional Produiten.
De Moselle Flavour ass en LEADER Projet dee kofinanzéiert gëtt vun der lokaler Aktiounsgrupp LEADER Miselerland, dem lëtzebuergesche Landwirtschaftsministère an dem Europäesche Landwirtschaftsfonds fir d’Entwécklung vum ländleche Raum.
Wat et um Moselle Flavour, Walk, Market an Eat alles z’entdecke gëtt, dat gesi mer dës ganz Woch an eiser Rubrik Living op RTL Radio Lëtzebuerg, all Dag géint 13.30.
Kuckt och elo schonn op visitmoselle.lu an op Facebook.