
An dësem Living gi mer an de Päiperlecksgaart, deen elo frësch renovéiert erëm opgaangen ass!
Déi ganz Zär ass nei renovéiert ginn, d’Weeër, d’Borduren, d’Terrarien, kuerz, et ass alles nei! Et gëtt elo en Audio-Guide, a vun e Freideg dem 29. Mäerz un ass op!
Reservéiert also Ären Entréesticket a lauschtert d’Interviewe mam Maud Hansen, Directrice vum Päiperlecksgaart. Méi op hirer Facebooksäit an op papillon.lu.


