RTL-Presseclub vum 21. September
No 2 Méint Paus gëtt et genuch opzeschaffen
National stinn d'Sozialronnen, d'Cyberkriminalitéit, d'Amendë fir d'Spuerkeess an d'Ofdreiwung weider an der Aktualitéit.
International bleiwen et d'Kricher an der Ukrain an am Noen Osten, eng nei Weltonuerdnung, mee awer och de Mord um US-ultra-chrëschtlech-konservativen Charlie Kirk.
Mat de Journalistekolleege kucke mer zeréck op e Summerlach, dat keent méi ass, a mir geheie wéi ëmmer e Bléck no vir.
Eis Invitéë sinn
- Ines Kurschat vum Lëtzebuerger Wort
- Armand Back vum Tageblatt
- Misch Pautsch vum Journal
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.
Am meeschte gelies