
Wousst der schonn...
... dass schonn iwwer 400 Händler op Letzshop.lu hir Produiten verkafen? Elo ass et Zäit, datt och Dir dobäi sidd!
... dass déi ronn 400 Händler op Letzshop ronn eng hallef Millioun Produiten ubidden?
... dass Der op Letzshop eng riseg Auswiel u Kaddoe fannt, zum Beispill fir Ouschteren, mat ronn enger hallwer Millioun Produiten an iwwer 400 Händler gëtt et hei fir all Goût eppes z ‘entdecken.
... dass Letzshop, déi offiziell online Maartplaz fir de Lëtzebuerger Handel ass, déi vum Lëtzebuerger Staat ënnerstëtzt gëtt?
... dass Dir als Verkeefer op Letzshop Ären eegenen Onlineshop kënnt ariichten?
Letz Shop ass eng Lëtzebuergesch online Plattform déi ouni Gewënnzweck funktionéiert an dat duerch d’Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Stat. Si sinn e richtege Partner fir de Lokalen Handel a hëllefen och op de Soziale Medien oder mat Fotoshootingen. Letz Shop huet d’Missioun déi Lëtzebuergesch Geschäftswelt ze ënnerstëtzen an hinnen d’Méiglechkeet ze bidden digital méi present ze sinn.
Als Verbraucher kënnt dir sécher si bei LetzShop Lokal ze kafen, an dat bequeem a sécher online.
Gitt op LetzShop.lu.