
Wousst der schonn…
...datt Dir Iech eng Photovoltaikanlag doheem installéiere kënnt fir selwer Stroum ze produzéieren?
...datt Dir mat Äre Solarpannoen Ären eegene Stroum produzéieren an och selwer notze kënnt?
...datt Dir Äre selwer produzéierte Stroum net nëmme selwer verbrauche kënnt, mee och mat aneren deele kënnt?
...datt een Handwierker muss zertifizéiert sinn, fir eng Photovoltaikanlag installéieren ze kënnen?
Dëst a vill méi, gitt Dir bei eis op der Antenn gewuer oder kuckt elo schonn op www.klima-agence.lu.