
D’Pompjeeën aus Osterholz-Scharmbeck kruten dat vu Leit gemellt, déi den aarme Vull am Bam hänke gesinn hunn. Déi sinn du mat der Dréileeder op d’Plaz komm an hu festgestallt, dass sech d’Schnouer ronderëm seng Féiss, grad ewéi ee Flillek gewéckelt hat. Nodeems en dorausser befreit gouf, koum e fir eng weider Betreiung an en Déierepark.