Déier an NoutsituatiounRiseg Deckelsmouk suergt fir Retard am Zuchtrafic am Südoste vun England

RTL Lëtzebuerg
Datt Déieren heiansdo op den Zuchgleiser stinn ass näischt Ongewéinleches, mä eng Deckelsmouk kritt een do allerdéngs seelen ze gesinn.
© AFP

E Méindeg koum et op der Zuchstreck tëscht dem Fluchhafe Stansted bei London an der Stad Norwich zu Stéierungen am Zuchtrafic. Dës goufen duerch eng riseg Deckelsmouk verursaacht, déi op de Schinnen hänke bliwwe war. D’Deckelsmouk konnt gerett ginn, mä se ass allerdéngs schwéier blesséiert. De britteschen Dokteren no wäert d’Deckelsmouk awer geschwënn erëm op de Been sinn.

Back to Top
CIM LOGO