
Eng Robb un der brittescher Küst huet duerch hiert Behuelen dofir gesuergt, d’Theorie, dass just Lamae späizen, nach emol z’iwwerdenken. Fuerscher si begeeschtert, nodeems d’University of Portsmouth viru Kuerzem matgedeelt huet, dass eng Robb un der Küst Isle of Wight gesi gouf, déi e Waasserstral op e Séiadler gespaut huet.
De Gräifvull ass deemno iwwer der Waasseruewerfläch geflunn, wuel fir e Fësch ze fänken, wéi d’Robb sech wuel ugegraff gefillt huet an ugefaangen huet, Waasser ze späizen. De Vull hat awer d’Warnunge vun der Robb virdrun ignoréiert.
Dat wier déi éischt Interaktioun tëscht deenen zwee Spezies, sou d’Paleontologin Megan Jacobs. Séiadler goufen, nodeems se an dëser Regioun ausgestuerwe waren, réischt 2019 nei ugesidelt op der Isle of Wight un der englescher Südküst. Hirer Aschätzung no kéint et sech och ëm eng Strategie vun de Robb handelen, fir de Séiadler auszestiechen, wann et drëm geet, e Fësch ze fänken. Dat wier och eng Première, dass eng Robb eng Späiz-Attack als Ofschreckung benotzt. Dat maachen u sech nämlech just Mënschen, Lamaen, Kaméiler an Alpakaen souwéi verschidden Zorte Schlaangen oder Fësch.