
Am Abrëll hat en Dingo e sechs Joer jonkt Meedchen attackéiert, am Juni gouf en zéng Joer ale Bouf Affer an elo gouf eng jonk Fra beim Joggen an d’Been an den Uewerkierper gebass. Wärend der Attack ass déi jonk Fra an d’Mier gefall, wouropshin zwee vun de wëllen Déiere si verfollegt hunn. D’Joggerin gouf blesséiert mam Helikopter op Hervey Bay um Festland an e Spidol bruecht.
An der lescht koum et ëmmer rëm zu Attacken op der Insel, déi fir seng Dingo-Populatioun bekannt ass. De Jong am Juni war vun den Déiere gebass an ënner Waasser gezu ginn, konnt awer nach vu senger 12 Joer aler Schwëster gerett ginn. E sechs Joer jonkt Meedchen, dat am Waasser gespillt huet, gouf an dobäi an de Kapp gebass.
Dingoe sinn Haushënn, déi viru Joerdausende verwëldert goufen a virun allem an Australien liewen. Dem australeschen Ëmweltministère no sollen tëscht 25 an 30 Ruddel Dingoe mat jeeweils tëscht 3 an 12 Memberen op der Insel liewen. D’Déieren, déi net billen, mä wéi Wëllef haulen, ginn op K’gari geschützt.