En Tierchen an d'FräiheetRuddel Léiwen aus Käfeg am Zoo zu Sydney ausgebrach

RTL Lëtzebuerg
Am Taronga-Zoo an Australien wollte 5 Léiwen och emol en Tour maachen a sech d'Géigend an déi aner Déieren ukucken. Wäit sinn d'Kazen awer net komm.

Nach éier den Zoo e Mëttwoch de Moien seng Dieren opgemaach huet, waren d’Fleeger aus dem Zoo an der australescher Metropol an Alarmbereetschaft: een ausgewuessene Léiw a véier Klenger waren aus hirem Auslaf verschwonnen. Mat Alarmsireenen hunn d’Mataarbechter zesumme mat der Police am Taronga-Zoo no de fortgelafe Kaze gesicht.

Wäit waren d’Léiwen allerdéngs net komm. Wéi den Direkter vum Zoo erliichtert matgedeelt huet, goufen d’Déiere schonn no kuerzer Zäit an engem klengen ofgespaarte Beräich nieft hirem Käfeg fonnt. Well d’Fleeger séier gehandelt hätten, wier d’Situatioun bannent e puer Minutten ënner Kontroll gewiescht. Véier vun de Léiwe sinn no der Aktioun roueg an d’Anlag zréckgaangen, ee vun de Klenge wier no enger Narkos elo “wakereg a monter”.

Ma och wann den Trawolt gutt op en Enn gaangen ass, bleift nach ze klären, wéi d’Léiwen aus hirem gesécherten Doheem ausbrieche konnten. Den Taronga-Zoo bleift trotz dem Virfall fir Visiteuren op. Nëmmen d’Léiwe kréie si net ze gesinn, well de Käfeg bis zum Schluss vun der Enquête zoubleift.

Back to Top
CIM LOGO