
E Freideg de Moie war der Police vu Köln e méi aussergewéinleche Passagéier an engem Zuch gemellt ginn. Géint 8 Auer hat den Hond “Balou” sech op de Wee vun Erfstadt op Köln gemaach - dat ganz eleng a mam Zuch. De Lokomotivfürer, dee gesinn hat, wéi de Mupp ouni Begleedung an den Zuch geklommen ass, huet doropshin direkt d’Police geruff.
Op der Gare Köln-Süd war d’Rees du fir den dräi Joer ale Schéiferhond eriwwer. D’Beamte vun der Police hu schonn op der Gare gewaart, wéi den Zuch ukoum an hunn den Hond virleefeg mat op de Büro geholl. No engem kuerzen Openthalt bei der Police gouf de Schéiferhond dunn awer vun de Pompjeeën an d’Déierenasyl am Quartier Zollstock bruecht. Iwwerdeem huet d’Police op der Plattform “X” eng Sich nom Besëtzer Mupp lancéiert.
Wéi dem “Balou” seng Meeschtesch dës gesinn hat, konnt si sech schonn denken, datt de “Balou” nees mam Zuch gefuer wier. “Mäi Mupp fiert gären Zuch”, erkläert si. Donieft wier hien och ganz gutt doran, Diere selwer opzemaachen.
