Hondsbesëtzer opgepasstScho rëm Gëft ronderëm de Bëschkierfecht zu Ollem verstreet

RTL Lëtzebuerg
En Onbekannten huet Gëft ronderëm de Bëschkierfecht zu Ollem verstreet. Leit, déi do spadséiere ginn, sollen hir Muppen net fräi lafe loossen an oppassen.

Dat mellt d’Gemeng Kielen e Méindeg de Moien a rifft op Facebook dozou op, all suspekt Observatioun der Police oder der Gemeng matzedeelen.

Schonn am November 2022 war zu Ollem ronderëm de Bëschkierfecht Gëft verstreet ginn. Ob et déi selwecht Persoun war, déi och e Méindeg Gëft verstreet huet, ass net gewosst.

© Gemeng Kielen

Back to Top
CIM LOGO