
Nodeems e Samschdeg schonn iwwer 200 Waler op der neiséilännescher Insel Catham gestuerwe sinn, hu sech e Méindeg knapp 240 “Grindwaler” op der Insel Pitt veriert. Dat deelt déi neiséilännesch Naturschutzagence mat.
Wéi e Beroder vun der Agence mellt, wieren eng Partie vun den Déiere schonn dout gewiescht, wéi si op der Insel ukoumen. De Rescht vun de Waler hätt missen ageschléifert ginn, fir hiert Leed ze reduzéieren. Wéinst der “Gefor vun Haiattacken op Mënschen a Waler” bréngen d’Mënschen an der Regioun d’Déieren “net aktiv an d’Waasser” zréck, “soudatt d’Aschléiferen déi humaanst Léisung war”.
Mat ronn 480 Waler, déi sech bannent e puer Deeg verlaf hunn a gestuerwe sinn, ass et der Walschutzorganisatioun Project Jonah no eng vun de gréisste “Strandungen” am Pazifikstaat. “Bei Farewell Spit kënnt et zwar méi dacks zu grousse ‘Massestrandungen’, ma duerchschnëttlech sinn et 70 bis 80 Waler.” Et géing een ëmmer probéieren, d’Déieren ze retten, wann et méiglech ass.
De Grond, firwat sech ëmmer erëm esou vill Waler beienee verlafen, ass nach net gewosst. Ma vue datt Waler gären a Gesellschaft sinn, kéint et sinn, datt si Komeroden hannendru schwammen, déi a Gefor sinn.