Schottesch SchutzmesurenSchof a skurrille Verkleedungen irritéiere Passanten

RTL Lëtzebuerg
Halskrausen aus Schaumstoff als Schutzmesure an e virwëlzegt Schof mat Helm um Kapp - dës Biller hu bei zwee Passanten eng Rei Froen opgeworf.

Wéi de Mark Deans an der schottescher Grofschaft Aberdeenshire spadséiere war, huet hien zwee Schof begéint, déi riseg Schaumstoffkëssen ëm den Hals haten. Ganz erstaunt an aus Angscht, “de Kapp vum Schof géing an engem Eemer stiechen”, ass hie méi no gaangen, huet awer misse laachen, wéi hie gesinn huet, datt et “nëmme Schaumstoff wier”. “Ech schätzen, dëse Bauer huet wierklech Sënn fir Humor.”

Wéi d’”Daily Mail” schreift, wier dëst eng Taktik vum Schéifer, fir ze verhënneren, datt d’Schof sech am Zonk vun der Weed verfänken.

Ma dëst ass net déi eenzeg e bësse méi aussergewéinlech Begéinung mat engem Schof a Schottland an der leschter Zäit. D’Ettie MacDonald ass beim Spadséieren engem Lämmche mat engem Helm um Kapp iwwert de Wee gelaf. Fir d’éischt ass si dovun ausgaangen, datt dat irritéiert Déier mam Kapp an engem Fuddereemer stieche bliwwen ass. Huet awer och misse schmunzelen, wéi si gesinn huet, datt et en Helm war. “Vläicht hätt ech einfach d’Viséier opmaache sollen”, esou d’Ettie MacDonald. Nodeems si dem Schof den Helm ausgedoen huet, huet si der Besëtzerin vun de Schof Bescheed gesot.

Hannert dëser Verkleedung sollt awer keng Schutzmesure stiechen. D’Schéiferin Sheila MacKinnon weess zwar net, wouhier den Helm koum, ma d’Schof war wuel virwëlzeg an huet säi Kapp dragestach, ma net méi erauskritt. Nom Tëschefall géing et dem Lämmchen awer “absolutt gutt” goen, wéi d’Sheila MacKinnon am Interview mat der “Daily Mail” erkläert.

Back to Top
CIM LOGO