SachsenSchwane-Famill suergt ëmmer nees fir Policeasätz

RTL Lëtzebuerg
Zu Limbach-Oberfrohna kritt d'Police an de leschten Deeg ëmmer nees ugeruff, well eng Famill vu 7 Schwanen den Trafic perturbéiert.

Et handelt sech ëm eng Koppel mat 5 jonke Schwanen. Ëmmer nees spadséieren déi 7 och op vill befuerene Stroossen, wéi d’Police vun Zwickau matdeelt.
Reegelméisseg kënnt dann d’Police op Plaz a begleet d’Schwane-Famill zeréck a Richtung Weier, wou d’Famill sech néiergelooss huet. Sollten d’Schwane weiderhin op hiren Ausflich fir Stau suergen, schléisst d’Police net aus, dass se déi 7 Schwane misst an en anert, méi rouegt Gebitt ëmsidelen.

Back to Top
CIM LOGO