
E puer Automobilisten hu versicht eng Kollisioun ze verhënneren, dobäi huet et gerabbelt. En 38 Joer ale Chauffer gouf liicht verwonnt, fir de Rescht blouf et bei Materialschued. Ma deen ass net kleng mat ronn 50.000 Euro.
D’Schwanenelteren an hir 4 Klenger goufen net blesséiert.
Deemno wollt d’Schwanefamill a Mëttwoch de Mëtteg vun enger Säit vun der Autobunn op déi aner. Dräi Ween sinn der gefiederter Famill een no anerem op déi lénk Spuer ausgewäicht, wou d’Gefierer sech ze pake kruten. Een Auto ass am Gruef gelant. De Stau nom Accident war gutt zwee Kilometer laang.
Leit vun de Pompjeeën hunn déi kleng Famill agefaangen a beim Baggerweier an der Géigend nees fräigelooss.