Op däitscher Nationalstrooss ënnerweeSécherheetsautoritéiten an Zaldote kooperéiere bei Inte-Rettungsaktioun

RTL Lëtzebuerg
A Schleswig-Holstein koum et e Méindeg zu enger spektakulärer Rettungsaktioun. Eng Intefamill hat sech e bësse "verwatschelt".
© AFP Archivbild

Wéi d’Police vu Kiel en Dënschdeg matgedeelt huet, hu sech d’Sécherheetsautoritéiten an d’Bundeswehr zesummegedoen, fir eng Intemamm mat hiren néng Jippelcher vun der Nationalstrooss bei Schwentinental nees erof ze kréien. Do war et duerch déi gefiedert Famill schonn zu engem Stau komm.

Zwou Polizistinne sinn op d’Plaz gefuer. Do waren deen Ament schonn zwee Douanieren an zwee Zaldote vun der Bundeswehr, déi zousätzlech Hëllef ugebueden hunn. Gemeinsam huet dat spontaant Rettungsteam d’Intefamill agefaange kritt, déi an enger Këscht bei e Weier an der Géigend nees ausgesat gouf.

Back to Top
CIM LOGO