Am Naturschutzgebitt SchlammwissSeele Vullenaart aus dem Mëttelmierraum zu Lëtzebuerg gesinn

RTL Lëtzebuerg
Et handelt sech dobäi ëm déi sougenannt Schwaarzkappgraatsch.
© Jim Schmitz

Beim Migratiounsmonitoring vun de Villercher hunn d’Mataarbechter vun der Birdringingstatioun am Naturschutzgebitt Schlammwiss zu Schëtter eng ausgewuesse Schwaarzkappgraatsch (Curruca melanocephala) entdeckt. De Villche krut bei där Geleeënheet e Rank ëm de Fouss festgemaach.

Fir gewéinlech riicht sech dës seele Vullenaart am Mëttelmierraum hir Näschter an. Nom 3. Oktober 2015 war et elo eréischt déi zweete Kéier, datt eng Schwaarzkappgraatsch zu Lëtzebuerg observéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO