
Dat sot och de Minister fir Tourismus a Wëlldéieren Najib Balala en Dënschdeg op Twitter an huet eng Foto vun der Mamm mat hirem Nowuess gepost. Nëmmen e Grappvoll Gebuerte goufe bis ewell weltwäit dokumentéiert, bei deenen déi meescht Neigebueren net iwwerliewen.
Mat 15 Méint hu Giraffen eng vun de längste Schwangerschaften ënner Mamendéieren. Si kréien hir Kleng am Stoen, sou datt d’Giraffen-Kaalwer knapp 2 Meter déif op de Buedem falen. An awer kënne si bannent enger Stonn opstoen a maachen déi éischt Schrëtt. Eng neigebuere Giraff ass iwwregens méi grouss wéi en duerchschnëttlech grousse Mënsch.
Giraffe stinn zanter 2016 op der Rouder Lëscht vu menacéierten Aarte vun der Weltnaturschutzunioun IUCN. Der Stëftung no liewe just nach eng 117.000 Déieren a fräier Natur. Hir Zuel wier wéi eng Aart “luest Ausstierwen” an de leschten 30 Joer ëm 30 Prozent erofgaangen. Grënn dofir ass ënner anerem Wëlderen, souwéi d’Landwirtschaft, déi sech ëmmer méi ausbreet.