
Duerno soll den neie Gaascht et sech an der Wunneng gemittlech gemaach a Bekanntschaft mat der Hauskaz vun der Famill gemaach hunn, déi zënterhier net méi an d’Stuff goe wéilt, well se nach ënner Schock stoe géif, esou d’Famill an engem Interview. Am Ganze soll de Séihond zwou Stonnen am Haus bliwwe sinn, ier datt e sech nees op de Wee an d’Waasser gemaach hätt.
An deene leschte Jore soll d’Populatioun vun de Séihënn an Neiséiland sech staark erholl hunn. Dowéinst géif een ëmmer méi Séihënn op den neiséilännesche Plagen ze gesi kréien. Datt d’Déieren allerdéngs op Wanderschaft goe géifen, wier éischter seelen de Fall.