
Mat dësem Gaascht haten d’Mëllechkéi net gerechent. Op hirer Weed ass op eemol e Séihond opgedaucht. Hiren Aen net getraut hat och d’Bauerefra Karli McGee, wéi si dem Sender ABC erzielt huet. Als éischt hat si gemengt, e Schwäin tëscht hirem Véi entdeckt ze hunn. Séier huet sech erausgestallt, dass et e Séihond war. En aussergewéinleche Gaascht, wann ee bedenkt, dass tëscht der Küst an der Uertschaft Simpson, wou de Bauerenhaff steet, 30 Kilometer leien. Méiglecherweis ass d’Déier u Land gaangen, fir op d’Sich no Fudder ze goen, mengt d’McGee.
Doropshin huet si d’Autoritéiten alarméiert. Mataarbechter vum Zoo zu Melbourne sollten d’Déier ënnersichen an zeréck an d’Mier bréngen. Si selwer dierft dem Déier net ze no kommen, verréiert si am Gespréich mat US-Medien, dowéinst kéint si hire Gaascht net selwer retten. Mëttlerweil wier de Séihond e gutt Stéck weidergezunn a verbréngt Zäit um Grondstéck vun hiren Elteren.