
D’US-Naturschutzagence huet lo op dat aggressiivt Déier reagéiert an huet seng Déierfänkerte geschéckt. D’Mesure wier néideg, well dat 5 Joer aalt Otter-Weibche bei sengen Attacke virun der Küst vu Santa Cruz ëmmer méi kéng gëtt.
En Twitter-Video weist esou een Ugrëff op e Surfer: D’Otter-Damm klotert aus dem Waasser op e Surfbriet a verdreift de Surfer duerch en eendeitegt aggressiivt Behuelen. Duerno huet d’Déier sech am Briet verbass an dréint et duerch heftegt Wackelen op d’Kopp.
Dat wier des Gudden ze vill gewiescht. D’Déier gouf als “Risiko fir d’ëffentlech Sécherheet” agestuuft a soll wéi gesot elo agefaange ginn, vu Leit, déi sech mat Otteren auskennen. Si sollen d’Weibchen an en neit Doheem bréngen. Dës Déiere gesi vläicht ganz knuddeleg aus, ma si sinn net ongeféierlech mat hire kräftegen Zänn.
Schonn am Joer 2022 gouf et e Virfall mat engem ongewéinlech aggressiven Otter, dee Leit op der Plage ugegraff huet. Do goufen extra Warnschëlder opgeriicht. Et gëtt vermutt, dass et sech ëm dee selwechten Otter handelt.
Experte soen, dass d’Otter-Weibche wuel a Gefaangenschaft op d’Welt komm ass. D’Mamm vum Déier huet donieft hir ugebueren Angscht viru Mënsche verluer a gouf dacks gefiddert.
Séiotter hu fréier un der Westküst vun Nordamerika gelieft, vun der mexikanescher Baja California bis an Alaska. D’Pelzjuegd huet hir Zuel awer extrem deziméiert, virun allem am Ufank vum 20. Joerhonnert goufe se a Kalifornien bal komplett ausgerott. Duerch Schutzmesuren huet de Bestand sech nees erholl an d’Populatioun ass op 3.000 Déiere gewuess.