
Nodeems am Mee e Fliger iwwert dem kolumbianesche Reebësch ofgestierzt war, gouf wochelaang no véier klenge Kanner gesicht. Schlussendlech waren et d’Pattenofdréck vum Sichhond Wilson, déi d’Sichtruppen op d’Spuer vun de Kanner bruecht hunn. Well awer zanterhier all Spuer vum Wilson feelt, gouf eng grouss Rettungsaktioun a Kolumbien lancéiert, bei där eng 70 Zaldoten nom Mupp sichen.
Den 18. Mee war de belsche Schéiferhond Wilson vum Sichtrupp getrennt ginn, nodeems hien enger Spuer an de Bësch nogaange war. 10 Deeg méi spéit hunn Zaldoten nieft de Pattenofdréck vum Mupp och Foussspuere vun de Kanner fonnt. Dës Hiweiser hu schlussendlech gehollef, an dat Gebitt ze kommen, an deem d’Kanner den 9. Juni fonnt goufen, wéi de Generol Pedro Sanchez erkläert, deen d’Rettungsaktioun geleet huet. “D’Kanner hu mat eis geschwat a confirméiert, datt den Hond zwee oder dräi Deeg bei hinne war”, esou de Sanchez géigeniwwer engem kolumbianesche Radiosender.
Nieft de 70 Zaldoten, déi un der Sich nom Hond bedeelegt sinn, goufen d’lescht Woch zwee leefeg weiblech Muppe mat engem Helikopter an d’Gebitt geflunn, fir de Wilson an d’Géigend vum Sichtrupp ze lackelen, wéi de kolumbianesche Militär matdeelt. Doriwwer eraus goufen op enger Partie Plaze Fudder fir den Hond a Kleeder vu sengem Meeschter placéiert, an der Hoffnung, datt hire Geroch de Wilson a Sécherheet brénge kann.
Eréischt am Februar hat de Wilson d’Hondsschoul ofgeschloss a koum bei d’Truppen um Loftwaffestëtzpunkt Tolemaida. Zesumme mat véier weidere Sichhënn gouf de Wilson am Mee an de Reebësch bruecht, fir no de véier Kanner ze sichen, déi mat engem Fliger iwwer dem Amazonas ofgestierzt waren. “Fir eis war et eng Éier, datt eisen Hond gehollef huet, dës Kanner ze fannen”, sot de Sergeant Luis Fernando Sena, de Kommandant vun der Hondsschoul, an där de Wilson 14 Méint laang zu Bogota ausgebilt gouf.