Traureg DecouverteSiwe jonk Elefante bei Iwwerschwemmungen a Sri Lanka erdronk

RTL Lëtzebuerg
De lokalen Déiereschutz huet e Sonndeg d'Kadavere vu siwen Elefante fonnt, déi wuel erdronk sinn.
© AFP

“Mir goufe vun den Duerfbewunner alarméiert, datt leschten Owend dräi jonk Elefanten erdronk sinn”, erkläert e Mataarbechter vum Déiereschutz e Sonndeg. “Wéi mir dunn an der Supp ukomm sinn, hu mir véier weiderer fonnt.”

E Méindeg sinn d’Autopsië vun de Kadavere geplangt. Et gesäit esou aus, wéi wa sech d’Elefante veriert haten an dunn an der Supp erdronk sinn.

Offiziellen Informatiounen no war et wéinst dem Monsun zu Iwwerschwemmunge komm. Dat ronn 250 Kilometer vun der Haaptstad Colombo ewech.

2019 ware schonn eng Kéier siwen doudeg Elefanten a Sri Lanka fonnt ginn an och 2018 ware siwen Elefanten an der Géigend erdronk, wou och dës Kéier d’Kadavere fonnt goufen. D’Populatioun vun de wëllen Elefanten a Sri Lanka ass op ronn 7.000 Déieren zréckgaangen, am Ufank vum 20. Joerhonnert waren et der nach eng 12.000.

Back to Top
CIM LOGO