Bei de Juniore war de Loïc Bettendorf dee Beschten a bei de Masters gouf et eng Victoire fir de Franck Sertic.

Zu Dikrech goufen e Sonndeg déi national Championnater am Mountainbike gefuer. Op engem ganz schwéiere Parcours gouf sech bei de Junioren, den Dammen an der Hären em d’Medaillen gestridden. Op deem 4 Kilometer laange Circuit, deen et gegëllt huet, hannert sech ze bréngen, gouf sech näischt geschenkt. D'Favoritten an den ënnerschiddleche Kategorie wollten der Course hire Stempel nämlech opdrécken.

VIDEO: Mountainbike: Sören Nissen neie Champion
Bei de Junioren geet den Titel un den Loic Bettendorf a bei den Dammen un d'Fabienne Schaus.

Klassementer

Elite
1. Sören Nissen
2. Pit Schlechter
3. Ben Philippe

Espoiren
1. Andreas Brokop

Dammen

1. Fabienne Schaus
2. Elise Maes
3. Suzie Godart

Junioren
1. Loïc Bettendorf

Masters
1. Franck Sertic

Bei den Hären waren d’Aen op de Sören Nissen geriicht. Am ganze stoungen anerhallef Stonn Course um Programm. Séier konnt sech den Topmann Sören Nissen eleng ofsetzen. Hannendrun huet een Duo d'Verfolgung opgeholl: Zwee Espoiren, den Andreas Brokop an Noah Fries. Vun Ronn zu Ronn ass den Ecart vum Sören Nissen op d'Konkurrenz gewuess, soudatt sech den alen an neie Champion feiere loosse konnt.


De Loïc Bettendorf huet sech ee spannend Duell mat sengem Clubkomerod Mats Wentzel geliwwert. Bei de Dammen huet d’Fabienne Schaus d’Course vun vir ewech dominéiert an hirer Konkurrenz absolut keng Chance gelooss. Vun Tour zu Tour huet si hiren considerabelen Ecart op déi Zweetplacéiert Elise Maes ferm ausgebaut.