No der neutraliséierter 4. Etapp vum Dënschdeg goung et e Mëttwoch mat der 5. vu Wieliczka op Bielsko-Biala iwwer 154 Kilometer weider.

Op der 5. Etapp koum d'Haaptfeld zu Bielsko-Biala no ronn 154 Kilometer zesummen un, woraus sech de Luka Mezgec am Sprint decisiv ofsetzen an d'Etapp fir sech entscheede konnt. Um Mëttwoch hat de Sloven aus der Formatioun Mitchelton-Scott d'Nues virum Eduard Prades a Ben Swift vir.

De Bob Jungels ass iwwerdeems zäitgläich als 24. iwwer d'Ligne d'Arrivée gefuer - am General huet hie sech domat 14 Plazen no vir geschafft. Näischt geännert huet sech un de Spëtzt, well hei bleift den Däitsche Pascal Ackermann nach ëmmer am Leader-Maillot.

Resultat vun der Etapp

1 MEZGEC Luka Mitchelton-Scott 50 50 3:49:55
2 PRADES Eduard Movistar Team 20 30 ,,
3 SWIFT Ben Team INEOS 8 18 ,,
4 VAKOČ Petr Deceuninck - Quick Step 13 ,,
5 LATOUR Pierre AG2R La Mondiale 10 ,,
6 MAJKA Rafał BORA - hansgrohe 7 ,,
7 BATTAGLIN Enrico Team Katusha Alpecin 4 ,,
8 SARREAU Marc Groupama - FDJ 3 ,,
9 HAMILTON Chris Team Sunweb 2 ,,
10 GOGL Michael Trek - Segafredo 1 ,,
...
24 JUNGELS Bob Deceuninck - Quick Step ,,

General

1 ACKERMANN Pascal BORA - hansgrohe 18:06:30
2 MEZGEC Luka Mitchelton-Scott 0:04
3 SWIFT Ben Team INEOS 0:16
4 PRADES Eduard Movistar Team 0:18
5 MOHORIČ Matej Bahrain Merida 0:20
6 JAUREGUI Quentin AG2R La Mondiale 0:22
7 LATOUR Pierre AG2R La Mondiale 0:23
8 SARREAU Marc Groupama - FDJ 0:24
9 VENTURINI Clément AG2R La Mondiale ,,
10 ULISSI Diego UAE-Team Emirates ,,
...
23 JUNGELS Bob Deceuninck - Quick Step ,,