An tëscht gouf bekannt, dass de belsche Profi Bjorg Lambrecht, u schwéieren ënnerleche Blessure gestuerwen ass. En hat e Rëss an der Liewer.

Hie war jo e Méindeg wärend dem Tour duerch Polen uerg gefall an ass kuerz drop am Spidol verscheet. Den Dokter vun der Equipe Lotto-Soudal huet e Mëttwoch bekannt ginn, dass de Bjorg Lambrecht ee Rëss un der Liewer hat, wat zu massiven ënnerleche Bluddunge gefouert huet. Doropshin hätt hien een Häerzstëllstand gehat.

Deen 22 Joer ale Coureur war wärend der drëtter Etappe géint eng Bëtongskonstruktioun gerannt. D'Secouristen haten nach op der Plaz probéiert de Bjorg Lambrecht ze reaniméieren. Hien ass dunn awer wärend der Operatioun gestuerwen. Bei sou ënnerleche Bluddunge wier ee Wonner néideg, ee Wonner dat him net vergënnt gewiescht wier, sou nach den Dokter vun der Equipe.