Zu Alkmaar an Holland ass vum 7. bis den 11. August d'Europameeschterschaft am Cyclissem.

Am Contre la montre vun der Elite goung näischt iwwert de Remco Evenepoel. De Belsch huet sech iwwer dem 22,4 Kilometer laange Parcours ronderëm Alkmaar 19 Sekonne virum Kasper Asgreen den EM-Titel geséchert. Den Tom Wirtgen, eenzege Lëtzebuerger um Depart, konnt sech op knapp 2 Minutten a 24 Sekonnen als 28. positionéieren.

D'Course bei den U23 ass op en Enn gaangen an do ass de Kevien Geniets op déi exzellente 7. Plaz komm. Hien hat e Retard vun 39 Sekonnen op de Vainqueur Johan Price-Pejtersen aus Dänemark. De Michel Ries koum als zweete Lëtzebuerger op déi 34. Plaz mat engem Retard vun 2 Minutten a 6 Sekonnen.

Bei den Dammen-Elite huet d'Ellen van Dijk d'Zäitfueren iwwer 22,4 Kilometer dominéiert. D'Hollännerin hat e Virsprong vun 29 Sekonnen op d'Lisa Klein aus Däitschland. Um Podium stoung nach d'Hollännerin Lucinda Brand mat engem Réckstand vun 52 Sekonnen. Hei war keng Lëtzebuergerin um Depart.

Bei den U23-Dammen ass d'Anne-Sophie Harsch déi 13. ginn. D'Lëtzebuergerin hat iwwer déi 22 Kilometer e Retard vun 1 Minutt an 42 Sekonnen op déi nei Europameeschertin Hanna Ludwig aus Däitschland.

Bei de Juniorinne gouf d'Nina Berton um 22 Kilometer laange Circuit déi 35., dat mat engem Retard vu 4 Minutten op d'Gewënnerin Shirin van Anrooij aus Holland.

Fir de Jérôme Jentgen an de Loïc Bettendorf waren et bei de Junioren d'Pazen 31 a 37. Si waren 2 Minutte respektiv 2 Minutten a 16 Sekonne méi lues wéi den neien Europameeschter aus Italien Andrea Piccolo.