Op der 2. Etapp goung et en Dënschdeg iwwer 169 flaach Kilometer vu Blankenberg op Ardooie...

... an dat nawell zimlech séier. De Peloton souwéi den Ausräisser-Grupp, 30 Kilometer virun der Arrivée ronderëm de Cerny vun CCC, Plankaert vu Wallonie-Bruxelles, Sprengers vu Sport Vlanderen, Asselman vu Roompot a Stannart vu Mitchelton-Scott ware mat héijem Tempo vun der belscher Küst erfort bis an den Zentrum vun der Belsch ënnerwee.

10 Kilometer virum leschte Passage zu Ardooie ass de Peloton dem Spëtzegrupp ëmmer méi nokomm, ma d'Coureure vir hu gutt resistéiert. Op de leschten 3 Kilometer war d'Course awer nees komplett op an d'Ekippe vun de Sprinter hu sech, grad esou wéi den Dag virdrun, versicht gutt ze positionéieren.

Grad wéi um Virdag konnt sech op en Neits de Sam Bennett am Sprint behaapten. Den Ier am Leadermaillot huet d'Nues virum Jasper Philipsen an Dylan Groenewegen vir behalen. Domat behält de Coureure vu BORA - hansgrohe de Maillot vum Leader am General.

D'Lëtzebuerger si grad ewéi op der 1. Etapp zäitgläich mam Gewënner ukomm.

2. Etapp

1 BENNETT Sam BORA - hansgrohe 3:45:20
2 PHILIPSEN Jasper UAE-Team Emirates ,,
3 GROENEWEGEN Dylan Team Jumbo-Visma  ,,
4 HALVORSEN Kristoffer Team INEOS  ,,
5 HODEG Álvaro José Deceuninck - Quick Step ,,
6 CAPIOT Amaury Sport Vlaanderen - Baloise ,,
7 BAUHAUS Phil Bahrain Merida ,,
8 MAES Nikolas Lotto Soudal ,,
9 DÉMARE Arnaud Groupama - FDJ ,,
10 DUPONT Timothy Wanty - Gobert Cycling Team ,,
...
78 JUNGELS Bob Deceuninck - Quick Step ,,
...
83 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
...
91 KIRSCH Alex Trek - Segafredo ,,
...
117 DRUCKER Jempy BORA - hansgrohe ,,

General

1 BENNETT Sam BORA - hansgrohe 7:27:57
2 WIŚNIOWSKI Łukasz CCC Team 0:12
3 ČERNÝ Josef CCC Team 0:14
4 BAK Lars Ytting Team Dimension Data ,,
5 PHILIPSEN Jasper UAE-Team Emirates ,,
6 THEUNS Edward Trek - Segafredo ,,
7 STANNARD Robert Mitchelton-Scott ,,
8 GROENEWEGEN Dylan Team Jumbo-Visma 0:16
9 TEUNISSEN Mike Team Jumbo-Visma ,,
10 SPRENGERS Thomas Sport Vlaanderen - Baloise 0:17
...
73 KIRSCH Alex Trek - Segafredo ,,
...
86 JUNGELS Bob Deceuninck - Quick Step ,,
...
96 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
...
111 DRUCKER Jempy BORA - hansgrohe ,,