Wéi déi kasachesch Vëlosekipp Astana matgedeelt huet, gouf den Engagement mam Jakob Fuglsang ëm 2 weider Joer verlängert.

Astana Pro Team ass frou, fir de Kontrakt mat engem vun de Leadere vun der Ekipp ëm zwou weider Saisonen ze verlängeren - dat huet déi kasachesch Ekipp via hir Homepage matgedeelt. Domat gouf den Dän, dee jo mat enger Lëtzebuergerin bestuet ass, fir seng exzellent Leeschtungen an deene leschte Méint belount.

Virun allem am Fréijoer 2019 konnt de Fuglsang mat der Victoire bei Léck-Baastenesch-Léck, der 3. Plaz beim Amstel Gold Race a mat der 2. Positioun bei der Flèche Wallonne vu sech schwätzen doen. Och am Tour de France wousst de Jakob Fuglsang ze iwwerzeegen, huet de Peloton awer fréizäiteg wéinst enger Blessur no enger Chute misse verloossen.

E Samschdeg geet den dänesche Coureur dann och bei der 74. Editioun vun der Vuelta a Spuenien un den Depart.

Weider Neiegkeeten aus der Vëloswelt

Iwwerdeems koum en Donneschdeg och d'Nouvelle, datt den John Degenkolb vun Trek Segafredo, der Ekipp vum Lëtzebuerger Alex Kirsch, bei Lotto-Soudal wiesselt. Elo ka sech den Däitschen och op d'Vuelta preparéieren - den Tour duerch Spuenien, fir deen hie bei senger aler Ekipp Trek net nominéiert gouf.