Vuelta ciclista a EspañaJempy Drucker muss no Chute opginn

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger war op der 19. Etapp eng 66 Kilometer virun der Arrivée gefall a ka wéinst enger déiwer Wonn um Ielebou e Samschdeg net méi starten.
© pressphoto (Archiv)

Ronn 66 Kilometer virun der Arrivée koum et op der 19. Etapp an der Vuelta e Freideg am Peloton zu enger gréisserer Chute, wou nieft dem Lëtzebuerger Jempy Drucker ënnert anerem och de Primoz Roglic an de Miguel Angel Lopez gefall waren.

De Jempy Drucker war no der Chute d’Etapp nach op en Enn gefuer, ma e Freideg den Owend huet seng Ekipp Bora-Hansgrohe iwwert déi sozial Netzwierker matgedeelt, datt de Lëtzebuerger wéinst enger déiwer Wonn um Ielebou e Samschdeg net méi kann un den Depart goen. Nach de Weekend gëtt den Drucker zu Hamburg operéiert. Dëst ass néideg, well déi Wonn nëmmen esou ka richteg propper gemaach ginn.

RTL-Artikel: 19. Etapp: Rémi Cavagna wënnt en solitaire, Primoz Roglic a Rout

Back to Top
CIM LOGO