Den Hollänner fiert domadder virum dem Sacha Modolo an dem Fabio Jakobsen iwwert d'Linn.

Mat der selwechter Zäit wéi d'Gewënner ass och de Jempy Drucker als 26. iwwert d'Linn gefuer an de Kevin Geniets als 74.

Am Generalklassement behält de Remco Evenepoel de Maillot op seng Schëlleren, dat virum Maximilian Schachtmann an dem Dan Martin. De Kevin Geniets steet weider op der 25. Plaz mat engem Retard vun enger Minutt a 35 Sekonnen, de Jempy Drucker bleift 77. op bal 14 Minutten.