E Sonndeg ass zu Beekse Bergen an Holland déi nächst Manche am Cyclocross-Weltcup gefuer ginn.

Bei den Dammen ass d'Marie Schreiber eng weider Kéier an  d'Top10 an dëser Saison gefuer. D'Lëtzebuergerin hat als 8. e Réckstand vun enger Minutt a 6 Sekonnen op d'Gewënnerin Shirin van Anrooij aus Holland. Um Podium stoungen déi zwou weider Hollännerinne Fem van Empel (+0:01) a Puck Pieterse (+0:01).

Bei den Hären ass d'Victoire un de Belsch Laurens Sweeck gaangen. Hien huet sech am Sprint virum Hollänner Lars van der Haar behaapt. Drëtten ass de Belsch Michael Vanthourenhout op zwou Sekonne ginn.

D'Top 10 vun den Dammen

1 VAN ANROOIJ Shirin Baloise Trek Lions 47:02
2 VAN EMPEL Fem Pauwels Sauzen - Bingoal 0:01
3 PIETERSE Puck Alpecin - Deceuninck ''
4 ALVARADO Ceylin Del Carmen Alpecin - Deceuninck 0:25
5 VOS Marianne 0:30
6 VAS Blanka Kata 0:46
7 BRAND Lucinda Baloise Trek Lions 0:47
8 SCHREIBER Marie Tormans Cyclo Cross Team 1:06
9 VAN ALPHEN Aniek 777 1:09
10 BETSEMA Denise Pauwels Sauzen - Bingoal 1:17

D'TOP 10 vun den Hären

1SWEECK Laurens Crelan - Fristads 57:36
2 VAN DER HAAR Lars Baloise Trek Lions ''
3 VANTHOURENHOUT Michael Pauwels Sauzen - Bingoal 0:02
4 NIEUWENHUIS Joris Baloise Trek Lions 0:03
5 ISERBYT Eli Pauwels Sauzen - Bingoal 0:04
6 ORTS LLORET Felipe 0:17
7 VANDEPUTTE Niels Alpecin - Deceuninck 0:20
8 KAMP Ryan Pauwels Sauzen - Bingoal 0:21
9 BAESTAENS Vincent 0:29
10 ADAMS Jens 0:30