Chute bei Paris-Nice
Kevin Geniets huet sech d'Handgelenk gebrach

© AFP
De Lëtzebuerger war e Sonndeg wärend der leschter Etapp vu Paris-Nice gefall.
No der Etapp hat d'Ekipp vum Kevin Geniets Groupama-FDJ matgedeelt, datt sech de Lëtzebuerger näischt gebrach hätt. Nodeems déi lescht Deeg weider Analysë gemaach goufen, war et elo awer d'Diagnos, datt d'Handgelenk gebrach ass.
Wéi et weider heescht, wier aktuell nach net gewosst, wéi laang hie wäert ausfalen.
Am meeschte gelies